All Associatioun, all Club, all Persoun huet seng eege Geschicht. D'Erënnerungen heidrun dinn heiansdo wéi oder sinn oft mat gléckleche Gefiller verbonnen. Mee si sinn ëmmer onverzichtbar fir d'Weiderkommen am Liewen. Sou huet och eise Club seng eege Geschicht.
De Karate Club Tanuki ass 2015 vum Marie-France Gordon-Haak gegrënnt ginn. Dat kléngt op den éischte Bléck no engem ganz jonke Club. Et gouf dëse Karate Club awer schon virun dëser Grënnung ënnert engem anere Numm an engem anere Comité. De Changement ass virun allem wéinst Onstëmmechkeeten zwëschend dem aale Président vum Club an dem deemolege Comité zustanne komm wat d'Leedung vun engem Club wéi dësem betraff huet.
Trotzallem, kënne mir haut vun de Friichte profitéiern, déi eis dëse Changement bruecht huet a mir sin houfrech iwwert déi grouss Unzuel un aktive Memberen déi, säit der Neigrënnung, hiert Vertrauen un de Club an un d'Trainer riichten.
Aktif Membren:
39 Kanner (4 - 13 Joer)
13 Erwuessener (ab 13 Joer)
2 Trainer
De Comité
Président
Madame Marie-France GORDON-HAAG
Secrétaire provisoire
Häer Christian FEDERSPIEL
Tresorier
Häer Mark GORDON
Member
Häer Christian FEDERSPIEL
Réviseurs de caisse
Häer Jérôme FRANZEN
Éiremember
Madame Germaine NKOLLO
Häer José SANCHIS